17/06/2026
De SciTeachCenter an den RTL Kannaniuuss!
E Sonnde war e Reportage iwwert den Ofschlossevent vum Way2ESD Projet an den RTL Kannaniuuss ze gesinn. D’Kanner aus de véier Partnerschoule hunn hier Projete ronderëm d’Nohaltegkeet presentéiert. Mir soen RTL Lëtzebuerg Merci fir dee flotte Reportage! Merci och der Fondation André Losch, déi dëse Projet finanziell ënnerstëtzt huet.
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes/r/3463083
📸© Laurent Sturm
10/06/2026
The SciTeach Center celebrates the successful EarlySTEAM Project: Promoting STEM with arts for young children
The SciTeach Center celebrates the successful EarlySTEAM Project: Promoting STEM with arts for young children
The SciTeach Center recently celebrated the successful cumulation of the EarlySTEAM Project and the release of new pedagogical inspirations for engaging young children in STEAM.
27/03/2026
Info:
Den SciTeach Center as vum 30.03.26 bis den 03.04.26 ganz zou.
Vum 06.04.26 un sin mer ërem normal all Daag vun 09.00 bis 12.00 an vun 14.00 bis 17.00 Auer op.
MbG
25/03/2026
Neie Plan d’Études – nei thematesch Felder: an elo?🤔
💡De SciTeach Center huet sech am Kader vum Way2ESD Projet déi lescht véier Joer mat der Bildung fir Nohalteg Entwécklung beschäftegt, engem vun de siwe neien thematesche Felder. A Kollaboratioun mat Partnerschoulen sinn dobäi flott Initiativen entstanen, déi weisen, wéi sechd’BNE konkret an de Schoulalldag integréiere léisst. 📚 Dës Iddien hu mir a Form vun enger Ausstellung an an engem Guide fir Léierpersonal festgehalen, dee mir an enger Formatioun de 07. Mee am Haus vun der Natur presentéieren. Kommt laanscht a stousst no der Formatioun mat eis op den Ofschloss vum Way2ESD Projet un!
Mellt iech hei iwwert den IFEN un: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/295274?s=sciteach
17/03/2026
Entdeckt eis nei Ressourcen 🔍
Mellt Iech also elo séier iwwert den IFEN un: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/294945
05/03/2026
Entdeckt eis nei Ressourcen 🔍
Léif Enseignanten, de SciTeach Center stellt nei Ressource vir mat Inspiratiounen an Iddie fir MINKT (Mathematik, Informatik, Naturwissenschaften, Kunst/Kreativität, Technik) an der Primärschoul ëmzesetzen. Kommt bis laanscht an de Center fir eng gratis Kopie ze kréien an e puer vun den Aktivitéiten auszetesten! Et gëtt och eppes Klenges z’iessen an ze drénken. 😉
Mellt Iech also elo séier iwwert den IFEN un: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/294945
26/01/2026
Last week, the SciTeach Center team welcomed Prof. Anna Danielsson from Stockholm University. 🎓 A heartfelt thank you to Anna for inspiring discussions, activities and participation in our workshops! We look forward to more collaboration. 🥳
23/12/2025
Mir wënschen Ierch schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an daat néit Joer.
LG vum ganzen SciTeach Center.
03/12/2025
💬🧪De multilinguale Kontext hei zu Lëtzebuerg an de Projet ALPHA, dee virun der Dier steet, werfen ëmmer erëm eng Fro op: Wéi kann een d’Sprooche mat de Science verbannen? De SciTeach Center ass hei fir op dës Fro ze äntwerten an Hëllefsstellung unzebidden. Kommt am Januar laanscht op eis Formatioun „Lëtz Talk! Naturwissenschaften und Sprachen“.
Mellt Iech also elo schonn iwwert den IFEN un: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/293239