Maacher Lycée

Maacher Lycée

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Maacher Lycée, Lycée, 18, Rue de Muenschecker, Grevenmacher.

Lycée publique - Enseignement secondaire et supérieur
- Secondaire classique ESC : 7e - 1ère - DFESC
- Secondaire général ESG : 7e - 1ère - DFESG
- Formation professionelle : DAP & DT
- Enseignement supérieur : BTS

https://po.maacherlycee.lu Directioun:

Pierre WEISSGERBER, Direkter
Yves MENTGEN, Sous-Direkter
Mike MORO, Sous-Direkter
Julia KALLFASS, Chargée de direction de la voie de préparation
Colette WEYRICH, Attachée
Christophe ZENDER, Attaché
Josiane FUNCK, Attachée
Keven MULLER, Attaché

18/06/2026

E wichtege Communiqué vum Educatiounsministère

Denkt drun iech an är Kanner virun der Hëtzt ze schützen. 🥵☀️

Photos from Maacher Lycée's post 18/06/2026

Autorenlesung mit Nina Weger in der Bibliothek

Am 4. Juni durfte die Klasse 6CL1 in unserer Bibliothek die deutsche Kinder- und Jugendbuchautorin Nina Weger begrüßen. Während einer zweistündigen Lesung stellte sie ihren Jugendroman Fair vor und nahm die Schülerinnen und Schüler mit in die spannende Geschichte von Avid, der nach dem Tod seines Vaters in einer neuen Stadt einen Neuanfang wagt.

Mit viel Ausdruck und Spannung las Nina Weger ausgewählte Passagen aus ihrem Buch vor. Die Schülerinnen und Schüler verfolgten die Geschichte aufmerksam und nutzten die Gelegenheit, mehr über die Figuren, die Handlung und die Arbeit einer Autorin zu erfahren.

Die angenehme Atmosphäre und die interessanten Einblicke machten die Lesung zu einem gelungenen Erlebnis für die Klasse 6CL1. Wir bedanken uns herzlich bei Nina Weger für ihren Besuch und die spannende Begegnung mit ihrem Roman Fair.

Photos from Maacher Lycée's post 17/06/2026

Paräis – d‘Stad vun der Léift…oder d’Stad vun de granzege Paräiser, de Muséen, den Touristen, a säit Joren de Nummer 1 Spot fir pädagogesch Ausflich vu lëtzebuerger Schoulklassen.

Och mir, déi zwou 4C-Klassen aus dem Maacher Lycée konnten eis vum 6. bis de 9. Mee am Kader vun engem voyage pédagogique en eegent Bild vun der franséischer Haaptstad maachen.

Begleet vun eise Geschichtsproffen Florentin Mayon an André Ferreira, an eise Konschtproffen Caroline Jacoby a Kathleen Heisbourg war et eis méiglech, méi wéi just den Eiffeltuerm an d’Gare de l’Est ze gesinn, dorënner Plazen déi och e Rapport mat deem hunn, wat mir dëst Joer an der Geschicht léieren, wéi d’Place de la Bastille oder Les Invalides mam Graf vum Napoleon Bonaparte.

Ob mer an de Katakomben nom Robespierre sengem Schädel gesicht hunn, oder dem Louis XIV säi Bett am Schlass Versailles getest hunn, zu Paräis huet een ëmmereppes ze dinn, och wann et just drëms geet, dee nächste McDonald’s ze fannen.

Tëscht Metroen, Monumenter a Muséeën hu mir an deenen Deeg net nëmmen déi franséisch Haaptstad besser kennegeléiert, mee och vill gemeinsam Erfarungegesammelt.

An och, wann eis Schrëttziler fir de ganze Mount schonn no zwee Deeg erreecht waren, war d’Rees op Paräis definitiv all Kilometer wäert.

Text: Charel Schiltz

Photos from Maacher Lycée's post 16/06/2026

À Metz, en visite chez le Graoully

Les 11 et 12 mai 2026, la classe de 6C1 de notre lycée a visité la ville de Metz avec sa professeure de français, Mme Nadja Schoellen, et son ancienne personne de référence, M. Mario Maia.

Étant donné que la classe a entièrement utilisé les transports en commun pour effectuer ce voyage et a parcouru de nombreux kilomètres à pied, cette sortie a été non seulement très écologique et sportive, mais aussi très enrichissante sur le plan des connaissances.

En effet, grâce à diverses activités telles qu’un jeu de piste, une visite ludique de la cathédrale Saint-Étienne et une visite historique et culturelle de la maison de Robert Schuman, les élèves ont eu l’occasion de découvrir la ville lorraine située à proximité, qui vaut indéniablement le détour

Photos from Maacher Lycée's post 15/06/2026

D’Klass DP1ED war um Fromburger Haff ënnerwee an huet zesumme mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg am Kader vum Projet „Wurzelwierk” méi iwwer nohalteg a solidaresch Landwirtschaft geléiert. 🌱🤝🌍

Nieft ville spannenden Ablécker hunn d’Schüler*inne och Jongplanzen akaaf, déi elo eise Schoulgaart am Maacher Lycée beräicheren. 🪴

Merci un de Fromburger Haff an d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg fir dësen inspiréierenden Dag!

Photos from Maacher Lycée's post 12/06/2026

D’Klass 3GSO1 huet dräi Deeg zu Paräis verbruecht an dobäi vill verschidde Säite vun der franséischer Haaptstad entdeckt.

Nieft ville Spadséiergäng duerch verschidde Quartiere stoungen ënner anerem den Atelier des Lumières, den Eiffeltuerm, d’Sacré-Cœur an de Quartier Montmartre um Programm.

Weider Aktivitéite waren de Besuch vum Schlass vu Versailles, vun de Katakombe vu Paräis souwéi vill aner Entdeckungen an Erfarungen an der Stad.

Déi dräi Deeg hunn de Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet ginn, Paräis aus verschiddene Perspektiven kennenzeléieren an dat Geléiert aus dem Geschichtsunterrecht mat konkreten Andréck ze verbannen.

Photos from Maacher Lycée's post 11/06/2026

Déi 2 2GSOe ware lescht Woch am Kader vun hirem Cours „Arts et Culture” d’Kasematten, ee vun de Weltkulturierwen, a Begleedung vun der Mme Heisbourg an der Mme Jacoby besichen. Si si vill interessant Saachen iwwert d’Geschicht vun eiser Stad gewuer ginn.

Photos from Maacher Lycée's post 09/06/2026

Charity Cross 2026 um Flohr zu Gréiwemaacher

Freides, de 15. Mee 2026, huet déi 26. Editioun vum Charity Cross um Site „Op Flohr“ zu Gréiwemaacher stattfonnt. Trotz de frëschen Temperaturen hunn all déi, déi deelgeholl hunn, sech déi gutt Stëmmung net verdierwe gelooss a gemeinsam e staarkt Zeeche vu Solidaritéit a sozialem Engagement gesat.

Am Ganze sinn 3.989 Leeferinnen a Leefer un de Start gaangen. Zesummen hunn si beandrockend 29.898 Ronnen zeréckgeluecht an dobäi Spende fir de gudden Zweck gesammelt. D'Recettë kommen 12 Beneficiaire zegutt, déi sech a verschiddene sozialen an humanitäre Beräicher asetzen.

De Charity Cross huet sech scho laang als feste Bestanddeel am Manifestatiounskalenner etabléiert a weist Joer fir Joer, wéi Sport a Solidaritéit erfollegräich matenee verbonne kënne ginn. Dat exzellent Resultat ass en Ausdrock vum groussen Engagement vun allen Acteuren.

E grousse Merci geet un all d'Leeferinnen a Leefer, d'Sponsoren, d'Gemeng Gréiwemaacher souwéi déi vill Fräiwëlleg, déi zum Gelénge vun dëser Manifestatioun bäigedroen hunn. Dank hirer Ënnerstëtzung konnt och déi dësjäreg Editioun vum Charity Cross e volle Succès ginn a wäertvoll Hëllef fir vill Projeten erméiglechen.

All Fotoen fannt dir hei:
https://mlg.lu/album/charity-cross-2026/

Photos from Maacher Lycée's post 08/06/2026

Visitt vun der Chamber mat der 4GSO2 vum Maacher Lycée

Am Kader vum EDCIT- an COMON Cours hat d'4GSO2 dës Woch d'Geleeënheet, d'Chamber vun den Deputéierten um Krautmaart ze besichen an un engem flotte Workshop vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) deelzehuelen.

Am Atelier „Meng Chamber“ hunn d'Schülerinnen a Schüler hir eege politesch Parteie gegrënnt, Parteiprogrammer ausgeschafft an sech mat dem Mechanismus vun der parlamentarescher Demokratie vertraut gemaach.

Uschléissend koum et zu enger interessanter Renconter mat den Deputéierten Gilles Baum (DP) a Georges Engel (LSAP).
D'Schülerinnen a Schüler konnten eng ganz Rei Froe stellen – vu perséinlechen Erfarungen an der Politik iwwer national politesch Themen bis hin zu hirer Meenung iwwert déi aktuell international Situatioun am Iran, an Israel, an der Ukrain souwéi d'Onrouen an Albanien.

Als Ofschloss vun dësem gelongenen Dag krut d'Klass eng guidéiert Visitt duerch d'Chamber, wou si vill spannend Informatiounen an Erklärungen zu de Lokalitéiten an der Aarbecht vum Parlament kritt huet.

Mir wëllen op dësem Wee dem Gilles Baum an dem Georges Engel e grousse Merci ausdrécken, datt si sech Zäit geholl hunn, fir mat eise Schülerinnen a Schüler an den Austausch ze goen.
E grousse Merci geet och un d'Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) fir den interessanten a pedagogesch wäertvollen Atelier.

Inscription – Maacher Lycée Grevenmacher 07/06/2026

Aschreiwungen fir 7e

Dir kënnt Ä Demande fir eng Inscriptioun op enger 7e an eisem Schülersekretariat ofginn. Dëst ass méiglech vun e Méindeg, den 8 Juni bis e Freideg, de 26. Juni 2026.

Eist Sekretariat ass op vu méindes bis freides vun 07:00 bis 15:30 Auer.

Aus wat besteet eng Demande d'inscription fir d'7e?
- ausgefëllte Umeldungssformulaire (beim Enseignant ze kréien)
- décision d'orientation
- bilan de fin de cycle 4
- certificat de résidence élargi
- copie carte CNS
- photo d'identité récente (photo)
- PPAA (pour tous les élèves ne provenant pas d'un cycle 4.2)

Weider Informatiounen fannt Dir op eisem Site:
https://mlg.lu/inscription

Aschreiwunge fir 6e - 1re

D'Aschreiwunge fir 6e - 1re sinn vum 16. - 20. Juli 2026 (JE, VE & LU) méiglech !

Inscription – Maacher Lycée Grevenmacher Vous trouverez sur cette page toutes les informations nécessaires pour l’inscription au Maacher Lycée ainsi que le formulaire d’inscription.

Vous voulez que votre école soit école la plus cotée à Grevenmacher ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Téléphone

Adresse


18, Rue De Muenschecker
Grevenmacher
L-6760

Heures d'ouverture

Lundi 07:00 - 15:30
Mardi 07:00 - 15:30
Mercredi 07:00 - 15:30
Jeudi 07:00 - 15:30
Vendredi 07:00 - 15:30